NOS AUTRES NEWS

01.04.2020
Theaterowenter zu Lenneng
D'Theaterowenter vum 17, 18, 19, 24,25 a 26. Abrëll 2020 sinn annuléiert.
 
Les soirées théâtrales aux dates suivantes 17, 18, 19, 24, 25 et 26 avril 2020 sont annulées.
30.03.2020
Valorlux

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Säit dem Méinden den 30.Mäerz hutt Dir d'Méiglechkeet är Valorlux Tuten online ze bestellen op : valorlux.lu.

 

Chères concitoyennes, chers concitoyens,

Depuis le lundi 30 mars vous avez la possibilité de commander vos sacs Valorlux en ligne à partir du site : valorlux.lu

26.03.2020
Gréngschnëtt Container

Léif Matbiergerinnen , léif Matbierger

De Schäfferot vun der Gemeng Lenneng huet no enger Léisung gesicht fir Iech et ze erméigleche bei deem gudde Wierder am Gaart ze schaffen an de Gréngschnëtt , deen do ufält propper ze entsuergen.

Déi gréng Tonn gëtt wuel bemierkt nach weiderhin eidel gemaach, mee zousätzlech dozou steet zu Kanech beim Atelier communal ee Container, dee permanent zougänglech ass fir eis Matbierger.

Mëssbraucht des Offer net!

De Container ass just fir de Gréngschnëtt: Weg keng Hecken, Beem ,Äascht oder aner voluminéis Saachen dra geheien

Opgrond vun der aktueller Situatioun vun der COVID-19 Pandemie, gëllt weider de Sécherheetsofstand zu senge Matmënschen ze halen.

Dofir ass et och ëmmer nëmmen enger Persoun erlaabt, hiren Offall ofzelueden.

Mir soen Iech Merci an hoffen op äert Versteesdemech.

24.03.2020
SIGRE
Léif Matbiergerinnen,léif Matbierger,
 
 
Heimat deele mir Iech mat, dass de SIGRE bis op Weideres just nach fir d'Gemengen,d'Kollekteren an d'Entreprisen zougänglech ass.
 
Den Accès fir Privatleit ass verbuede, fir d'Verbreede vum Coronavirus COVID-19 ze limitéieren.
 
Bei Weidere Froe, kennt Dir Iech gären op folgender Telefonsnummer renseignéieren T: 77 05 99-1 oder awer och e Mail u folgend E-Mail Adresse maachen : info@sigre.lu.
 
Dir fannt och ënnert folgendem Post déi zwee offiziell Avis'en vum SIGRE op Letzeboiesch an op Franséisch.
 
Mir hoffen op Äert Versteesdemech a bleift gesond.
23.03.2020
D'Poubelle musse viru 7 Auer dobausse stoen

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Mir wëllen Iech dorop opmierksam maachen, dass jiddereen seng schwaarz Poubelle, seng brong Poubelle, souwéi d'Valorlux Tutuen schonn den Owend virum eidel maachen soll erausstellen.

De Lamesch ass wéinst der aktueller Situatioun an där mir eis befannen ëfters scho méi fréi op den Adressen, soudass oft nach keng Poubelle virun der Dier stoung.

Deemno sollen d'Poubellen am beschten schonn virun 7 Auer moies, oder fir sécher ze sinn, dass är Poubelle eidel gemaach gëtt schonn owes erausgestallt ginn.

Merci fir är Mataarbecht a bleift gesond.

 

 

Chers concitoyens

Nous attirons votre attention sur le fait que chaque personne doit mettre sa poubelle noire, sa poubelle brune et ses sacs Valorlux devant la porte la veille de leur vidage.

Sur la base de la situation actuelle concernant la pandémie de COVID-19 dans laquelle nous nous trouvons, l'entreprise d'élimination des déchets Lamesch est souvent aux adresses précédentes, où il n'y a pas encore de poubelles à la porte.

Selon cela, les poubelles devraient au mieux être éteintes avant 7 heures du matin, ou aussi pour s'assurer qu'elles soient vidées, la veille au soir.

Merci de votre coopération et de rester en bonne santé.

23.03.2020
Mir gi fir Iech an d'Apdikt

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Dir gëllt als Persoun vulnérabele ( > 65 Joër ) oder sidd a Quarantaine, respektiv Dir hutt kee Familljemember oder Noper, deen Iech är Medikamenter kann an d’Apdikt siche goën ?

D'Gemeng Lenneng wëllt Solidaritéit weisen a bitt hire Bierger eng Hëllef un.

Mellt Iech op der Gemeng op folgender Telefonsnummer entweder vu Méindes bis Dënschdes tëschent 10 an 12 Auer oder vu Mëttwochs bis Donneschdes tëschent 10 an 12 Auer T: 35 97 35 21, soudass dir dann Mëttwochs oder Freides beliwwert gitt.

De Schäfferot vun der Gemeng Lenneng

 

 

Chères citoyennes, chers citoyens,

Vous êtes une personne vulnérable ( > 65 ans ) ou sous quarantaine, respectivement aucun membre de votre famille ou voisin ne peut faire vos achats de médicaments.

La Commune de Lenningen fait preuve de solidarité en offrant à ses citoyens un service de soutien.

Vous pouvez contacter la Commune du lundi au mardi entre 10 et 12 heures ou bien du mercredi au jeudi entre 10 et 12 heures au numéro de téléphone suivant T: 35 97 35 21.

Les médicaments vous seront ainsi livrés tous les mercredis et vendredis.

Le collège échevinal de la Commune de Lenningen

20.03.2020
Molconcours fir all eis Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 1 ,2 3 a 4

Thema: Wat maacht dir an dëser Zäit doheem fir iech ze beschäftegen?

20.03.2020
Avis prolongation supension

🇱🇺Weiderhin bleiwen d'Schoulen, d‘Crèchen an d’Maison Relais an der Gemeng Lenneng bis den 19. Abrëll 2020 inclus zou.

🇫🇷 Les écoles fondamentales , crèches et maisons relais ( structures d'accueil pour enfants ) à Lenningen et Canach resteront toujours fermées jusqu’au 19 avril inclus.

 

Disclaimer