NEWS

24.03.2020
SIGRE
Léif Matbiergerinnen,léif Matbierger,
 
 
Heimat deele mir Iech mat, dass de SIGRE bis op Weideres just nach fir d'Gemengen,d'Kollekteren an d'Entreprisen zougänglech ass.
 
Den Accès fir Privatleit ass verbuede, fir d'Verbreede vum Coronavirus COVID-19 ze limitéieren.
 
Bei Weidere Froe, kennt Dir Iech gären op folgender Telefonsnummer renseignéieren T: 77 05 99-1 oder awer och e Mail u folgend E-Mail Adresse maachen : info@sigre.lu.
 
Dir fannt och ënnert folgendem Post déi zwee offiziell Avis'en vum SIGRE op Letzeboiesch an op Franséisch.
 
Mir hoffen op Äert Versteesdemech a bleift gesond.
23.03.2020
D'Poubelle musse viru 7 Auer dobausse stoen

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Mir wëllen Iech dorop opmierksam maachen, dass jiddereen seng schwaarz Poubelle, seng brong Poubelle, souwéi d'Valorlux Tutuen schonn den Owend virum eidel maachen soll erausstellen.

De Lamesch ass wéinst der aktueller Situatioun an där mir eis befannen ëfters scho méi fréi op den Adressen, soudass oft nach keng Poubelle virun der Dier stoung.

Deemno sollen d'Poubellen am beschten schonn virun 7 Auer moies, oder fir sécher ze sinn, dass är Poubelle eidel gemaach gëtt schonn owes erausgestallt ginn.

Merci fir är Mataarbecht a bleift gesond.

 

 

Chers concitoyens

Nous attirons votre attention sur le fait que chaque personne doit mettre sa poubelle noire, sa poubelle brune et ses sacs Valorlux devant la porte la veille de leur vidage.

Sur la base de la situation actuelle concernant la pandémie de COVID-19 dans laquelle nous nous trouvons, l'entreprise d'élimination des déchets Lamesch est souvent aux adresses précédentes, où il n'y a pas encore de poubelles à la porte.

Selon cela, les poubelles devraient au mieux être éteintes avant 7 heures du matin, ou aussi pour s'assurer qu'elles soient vidées, la veille au soir.

Merci de votre coopération et de rester en bonne santé.

FORMULAIRE JOB D'ETUDIANT

GEMENGENREFORM

EVENTS

Disclaimer